Résumé Invité Band
04/05/2021

Et sinn Chifferen déi Hoffnung maachen. Aktuell ginn et am Prisong just nach 3 positiv Corona-Fäll an 31 Prisonéier sinn a Quarantaine. Virun zwou Wochen waren nach 100 Leit a Quarantaine an 30 Prisonéier goufe positiv getest. Dat wier keng einfach Situatioun gewiescht, sot den Moien den Direkter vun der Prisongsverwaltung, als eisen Invité vun der Redaktioun. Dat hätt relativ séier kënnen zu engem groussen Sécherheetsproblem ginn, Annick Goerens
