Lëtzebuerg seet Merci zu Duelem
05/05/2021

Mam obligatoresche Social Distancing, sinn déi virtuell Welten ëmmer méi wichteg ginn. Et gesäit een seng Leit meeschtens just nach iwwert de Laptop oder den Handy. Et kann een déi sozial Reseauen awer och notze fir déi Leit, déi doheem setzen ze ënnerhalen, esou wéi dat Olga mat sengem Kueder dem Rudi iwwert Facebook gemaach huet. Eisen RTL Reporter, den Dan Vinkowski huet sech, mat enger ganzer Equipe vu léiwe Léit op de Wee gemaach, fir d’Olga op der Aarbecht ze iwwerraschen, well Sie gouf bei eiser „Merci“ Aktioun ganz dacks nominéiert.
