E Méindeg war Rentrée fir 200 Policeschüler

05/05/2021
E Méindeg war Rentrée fir 200 Policeschüler
Play

Op der Tëlee hu mer d'Nues schonn ganz dacks an d'Policeaarbecht eragestreckt. Awer wat muss e Polizist haut wierklech u Bagage matbréngen. Wat ass verlaangt, a wat kritt een dann nach alles bäibruecht. D'lescht Joer am Hierscht gouf en grouss ugeluechten Examen-Concours lancéiert fir eis Police ze stäerken an d'Zuel vun de Polizisten bei eis am Land eropzeschrauwen. Den Echo war grouss, an déi 200 Bescht vun hinnen sëtzen zanter dësem Méindeg an enger fonkelneier Policeschoul.