Lëtzebuerg seet Merci zu Meechtem

05/05/2021
Lëtzebuerg seet Merci zu Meechtem
Play

Et gi Leit déi engagéieren sech a setzen sech fir Anerer an. D'Annemie Robert vu Meechtem ass eent vun deene Leit, wat reegelméisseg e Stéck vu sengem eegene Gléck un anerer weidergëtt. Si hëlleft do wou Hëllef gebraucht gëtt an dat och an hirer Pensioun. Elo ass et un der Zäit fir Merci ze soen an dofir huet RTL a Luxair sech eppes afale gelooss, et geet nämlech op Rhodos, eng Woch All Inclusive. De Loïc Juchem huet si doheem iwwerrascht.