Lëtzebuerg seet Merci zu Bascharage

06/05/2021
Lëtzebuerg seet Merci zu Bascharage
Play

Et kéint een bal mengen et wier een bei 'Wünsch dir was', well och haut gëtt Merci gesot! De Loïc Juchem war zu Käerjeng an huet do d'Sajana Schumacher iwwerrascht. Sie schafft am Spidol um Kierchbierg an ass Responsabel fir d'Infirmièren ze forméieren. Wärend der Covid-Zäit an och elo huet si nach ëmmer vill ze dinn. D'Dominique wollt hirer Frëndin dofir einfach mol eng Auszäit gënnen an huet Sie bei eiser Aktioun nominéiert.