Résumé Kloertext

07/05/2021
Résumé Kloertext
Play

D'Verschwierungstheorien ware gëschter de grousse Sujet an der Emissioun Kloertext. E Phänomen, deen net eleng duerch d'Pandemie aktuell ass, mä e Sujet, iwwert deen och vill Rieds goung, nodeems d'Christianne Wickler bis als Presidentin vun der Cargolux nominéiert a gewielt gouf. D'Geschäftsfra war bis dës Woch jo Co - Presidentin vun enger Internetplattform, déi zweiwelhaft Corona - kritesch Inhalter publizéiert. Ob si doduerch déi richteg Fra un der Spëtzt vun der Airline ass, dat bleift ëmstridden, Dany Rasqué