Gast Waltzing: Beim Grammygewënner doheem
12/05/2021

De Moien schelle mer bei engem vun eise gréisste Museker aus dem Land, dee säin Wee vun Useldeng duerch d'ganzt Welt gemaach huet, an awer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen ass.Hien ass Trompettist, Komponist an Dirigent an den Owend dirigéiert hien e Concert an der Philharmonie mam Dobet Gnahore, enger Sängerin déi och schonn emol e Grammy gewonne huet. Eisen RTL Reporter steet virun der Dier vum Gast Waltzing.
