Influencer: Wien ass d'Melody Funck?
14/05/2021

Eisen RTL Reporter ass de Moie jo op der Sich no Lëtzebuerger Influencer. Hien huet de Moie schonn d'Niia kennegeléiert, wat säi Studenteliewen op Youtube presentéiert, dernieft war hie beim Natascha Bintz doheem. D'Natascha schafft zanter engem Joer vollzäit als Influencer. Elo ass et un der Zäit, datt de Loïc Juchem eis d'Melody Funck presentéiert, well net nëmmen op Instagram a Youtube fënnt een Influencer, och op TikTok kann een zu engem richtege Star ginn. Puer Millioune Mol goufen dem Melody Funk seng Video scho gekuckt.
