Um Training: Mam Bob Bertemes
17/05/2021

Wann d'Wieder dobausse besser gëtt, dann huet een dach direkt vill méi Motivatioun Sport ze maachen oder op d'mannst sech dobaussen ze beweegen. Mir hunn eis RTL Reporter op een Training mat engem Sportler geschéckt fir e puer Tuyauen ze kréien, wéi et mam Lafen da besser goe kéint a wéi sou een Training vun engem Toppsportler esou ausgesäit. Lea, du bass schonn an de Sportskleeder?
