IDAHOBIT Day Band

17/05/2021
IDAHOBIT Day Band
Play

An enger Zäit, an där a verschiddenen EU-Länner grouss Réckschrëtt gemaach gi wat d'Rechter vu sexuellen a geschlechtleche Minoritéiten ugeet, wier et wichteg, Zeechen ze setzen. Dat hätt d'europäesch Parlament zum Beispill gemaach, wéi et d'EU am Mäerz als "LGBTI-Freedom Zone" deklaréiert huet, sou de Co-President vum LGBTI-Intergrupp am EU-Parlament Marc Angel... haut um internationalen Dag géint d'Diskriminatioun vun Homosexuellen, vun Trans-Mënschen a vun Intersex-Mënschen, de sougenannten IDAHOBIT-Dag. D'Fanny Kinsch huet mam LSAP-EU-Deputéierte geschwat.