ALEE
18/05/2021

"D'Braderie vun den Diplomer ass keng Léisung", ass de Communiqué vun der Associatioun vun den Educateuren iwwerschriwwen. Bei der Ausbildung vun den Educateure sollen Ännerunge kommen. Dës hätten zur Konsequenz, datt et esou wier, wéi wann se vun elo dräi op just nach ee Joer gekierzt géing ginn, fënnt d'Associatioun. D'Entscheedung wier geholl ginn, ouni datt d'Acteuren um Terrain contactéier gi wären. Diana Hoffmann
