Maison de l'orientation: Vill Informatioun ënnert ëngem Dag
19/05/2021

Um Nummer 29 rue Aldringen, matzen am Häerz vun der Stad ass déi fuschnei Maison de l'orientation. Et brauch een net méi vun Pontius bis Pilatus ze lafen. 6 Servicer fënnt een ënner engem an deem selwechten Daach. Dozou gehéieren och de "Service Information études supérieures", de "Service national de la Jeunesse" an d'"Agence pour la transition vers une vie autonome". Do gëtt een quasi mat Informatiounsmaterial iwwerheeft.
