RTL Jobdag: et geet nees biergop
20/05/2021

Déi lescht Wochen a Méint waren fir keen einfach, awer e bësschen Courage wëlle mer all deenen maachen, déi de Moment ouni Aarbecht do stinn a net méi sou richteg viru wëssen. Mir wëllen haut nees aktiv eng Hand upaken, fir d'Adem bei hirer alldeeglecher Aarbecht ze ënnerstëtzen an vill Aarbechtsplazen vermëttelen déi bis elo nach onbesat sinn.
