Live aus der Rockhal

21/05/2021
Live aus der Rockhal
Play

Et kann ee scho bal vun engem groussen Dag schwätzen. Haut den Owend ass den éischte Concert mat 1000 Leit an der Rockhal, op der Bün steet keen anere wei de Serge Tonnar. Besonnesch bei dësem Optrëtt ass vrun allem, datt een sech virdru muss teste loossen an och 7 Deeg nom Optrëtt muss een nach emol en PCR-Test maachen, sou kann d'Santé nämlech  kucke wat fir Auswierkungen sou en Event huet. A wie weess, vläicht ginn dann an Zukunft nees vill méi där Concerten organiséiert. De Loïc Juchem mat engem klengen Androck aus der Rockhal.