Päischtdënschdeg zu Iechternach: De Willibrordus Bauveräin huet haut fräi

25/05/2021
Päischtdënschdeg zu Iechternach: De Willibrordus Bauveräin huet haut fräi
Play

Wann een vun der Sprangprëssessioun schwätzt, da fält ëmmer nees een Numm - Willibrordus-Bauveräin. Si organiséieren an normale Joren dës grouss Feier, stellen d'Veräiner op a begleeden se duerch déi enk Gaassen vun der Abteistad. Wat maachen d'Organisateuren dëst Joer, wou si Covidbedéngt alles hu missten ofsoen, dat froe mer een vun de Vertrieder op der Plaz.