Stauséi-Neiegkeeten

26/05/2021
Stauséi-Neiegkeeten
Play

De Stauséi ass net nëmmen dee gréissten Drénkwaassereservoir hei am Land, mä ass och déi Plaz am Summer fir ze schwammen, ze trëppelen a sech e puer flott Stonnen am Éislek ze maachen, an ass dofir iwwert eis Grenzen eraus bekannt. Fir déi nei Saison gi mer allerdéngs nach ëmmer vun der Pandemie begleet. An esou huet d'Regierung driwwer nogeduecht wéi een och dëst Joer déi grouss Mënschemass an de Grëff kréie ka fir déi sanitär Mesure kënnen anzehalen. Genee sou wéi lescht Joer, gëtt et och fir dës Saison rëm e Reservatiounssystem, dee weiderhi gratis bleift. Nicky Soisson.