Weltspilldag 2021

28/05/2021
Weltspilldag 2021
Play

De Weltspilldag gouf am Joer 2000 vun der UNO fir den 28. Mee an d'Liewe geruff fir esou all Joer d'Recht vu Kanner a Jugendlecher op d'Spillen an de Fokus ze réckelen. Onofhängeg vu kulturellen Hannergrënn, Nationalitéiten an Alter, ass all Kand d'Loscht op d'Spillen ugebuer. Donieft suergt et dofir e puer schéi Momenter zesummen ze verbréngen, direkt e puer pedagogesch Ziler ze erfëllen a Kompetenzen déi fir d'Liewen onverzichtbar sinn, ze fërderen. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dann och all Joer, fir dësen Dag, eng speziell Aktioun. Nicky Soisson.