Méi Sécherheet op eise Stroossen
28/05/2021

Et ass eng Stréck déi mat Accidenter geplot ass – elo soll se méi sécher gemaach ginn. Riets ass vum CR132 an der Géigend vu Jonglënster an Eescheler. Am Kader vun engem Pilotprojet ginn d'Beem laanscht Strooss no hanne geréckelt an et ginn nei Leitplanken installéiert. De But: d'Zuel vun de Stroossenaffer zu Lëtzebuerg nach weider erof drécken. Tim Morizet.
