Villa Borg: Veni Vidi Playmobil
31/05/2021

Déi Réimesch Villa Borg zu Perl demonstréiert op eng ganz impressionant Manéier wéi d'Liewen an der SaarLorLux Regioun virun 2000 Joer ausgesinn huet. Den Archäologiepark ass no méi wéi 30 Joer Ausgruewungen zu enger Attraktioun an der Regioun ginn an op seng Manéier och eemoleg an Europa. D'Michèle Schons ass haut fir eis op Besuch, a Michèle, du hues scho vill gesinn?
