Trucks zu Lëtzebuerg: An engem Foodtruck
01/06/2021

De Moien hu mir schonn de Bicherbus kennegeléiert a si gewuer ginn, datt dee reegelméisseg a puer Gemengen hei am Land e Stopp aleet a praktesch bei d'Léit heem kënnt. Elo gëtt et eppes fir ze iessen, eventuell op de reie Mo, ma fir d'Mëttespaus muss awer alles prett sinn. Eisen RTL Reporter Loïc Juchem ass fir eis zu Leideleng beim T-Wraps Foodtruck op Besuch an huet dem Michèle Goethlals bei de Preparatiounen iwwert d'Schëller gekuckt.
