D'Frittebud um Banzelt: Preparativen lafen
02/06/2021

Gëschter Moien hu mer Iech ëm dës Zäit e Foodtruck virgestallt. Et gesäit een se ëmmer méi an der Landschaft, awer bedeit dat gläichermoossen den Doud fir Frittebuden wéi mir se kennen, déi Joren fest op enger Plaz stinn a wéi e Magnéit zu all Moment vum Dag d'Leit fir e kuerze Moment ulackelen.Eisen RTL Reporter huet sech d'Frittebud um Banzelt haut erausgesicht fir ze kucken wéi do geschafft gëtt a wéi d'Geschäft dréit.
