Den Test: Wéi sécher sinn eis Vëlosweeër?
03/06/2021

Haut ass den Dag vum Vëlo! E Fortbeweegungsmëttel, dat jo zanter dem Uffank vun der Pandemie en enorme Succès kennt. Mee wéi sécher ass Vëlofueren hei am Land a spezifesch an de Stied? D'asbl ProVelo analyséiert d'Vëlosweeër reegelméisseg an huet pénktlech fir d'Summersaison eng aktualiséiert Kaart "Luxembourg by cycle" lancéiert. Fir eis ass d'Monica Camposeo op de Suedel geklommen an huet d'Vëlosweeër an der Stad ënnert d'Lupp geholl.
