Lake Lifeguard: De Rettungsschwëmmer zu Lëtzebuerg

04/06/2021
Lake Lifeguard: De Rettungsschwëmmer zu Lëtzebuerg
Play

Lake Lifeguard. Esou nennt sech e ganz neie Brevet deen een zanter kuerzem hei zu Lëtzebuerg maache kann. Dëse Brevet ass keng Ausbildung zum Schwammmeeschter. Et ass de sougenannten Rettungsschwëmmer. De Schäin kann een am Alter vum 16 Joer maachen. Dozou gehéieren dann natierlech e puer Epreuven. Wien den Examen packt, deen ass Rettungsschwëmmer. De Moment kommen dës um Baggerweiere zu Remerschen an den Asaz. Den RTL Reporter war mol dohinner kucken.