Gemengefusioun Groussbus-Wal
07/06/2021

De 27. Juni gëtt et eescht, da stëmmen d'Bierger an d'Biergerinnen vun de Gemengen Groussbus a Wal driwwer of op se an Zukunft als eng eenzeg Fusiounsgemeng wëlle gemeinsam Weeër goen, op déi geplangten Gemengenhochzäit effektiv gefeiert ka ginn oder net. Déi éischt fir dës Joer. Déi éischt zanter der Fusioun tëscht Rouspert a Mompech 2018. Groussbus a Wal sinn zwou kleng Landgemengen am Nordweste vum Land. Zesummen géif "Groussbus-Wal" déi véiert gréisst Gemeng am Réidener Kanton ginn, mat ronn 2200 Awunner, opgedeelt op 9 Dierfer. D'lescht Woch goufen d'Bierger nach emol op Informatiounsowender driwwer informéiert wat déi Fusioun den Awunner an de Gemenge brénge soll. Claude Zeimetz
