Mediterrane Gaart - Indianerbanannen a Visitten
07/06/2021

De mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng ass e private Sammelgaart, dee bannent 30 Joer vum Charles Roovers an Diter Lingener ugebaut an ënnerhale gouf. Zanter enger Rei Joren sinn déi 15Ar Gaart an den Hänn vun Natur & Ëmwelt an der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an et wuesse mëttlerweil 1000 verschidden Aarte vu Planzen do. Michèle Schons, du bass haut do fir eng Hand mat unzepaken?
