Beim Premier: Ennerwee mam Xavier Bettel op Senneng
08/06/2021

Eisen RTL Reporter huet gëscht de Xavier Bettel de ganzen Dag begleet. Säi ganze Cabinet kënnt gewéinlech all Méinde Moien zesummen an et gëtt sech beroden an déi ganz Woch gëtt do beschwat. Dernieft hu mer de Moie schonn eng kleng Visitt duerch de Staatsministère krut, woubäi alles konnt een aus Sécherheetsgrënn net gesinn. De Büro vum Premier a generell déi iewescht Stäck kann een als Visiteur net betrieden. Elo ass de Loïc da mam Premier ënnerwee, d’Blo Luuchte sinn zwar net un, ma et geet op de nächste RDV.
