Grousse Chantier zu Dikrech: Déi Dikrecher hu sech séier dru gewinnt

09/06/2021
Grousse Chantier zu Dikrech: Déi Dikrecher hu sech séier dru gewinnt
Play

Wann een déi aktuell Lëscht vum ACL vun de Chantieren uechter d'Land duerchgeet, dann stéisst een op vill kleng Aarbechten déi an engem oder zwee Deeg schonn geléist sinn. Zu Dikrech huet virun enger gudder Woch een ugefaangen, deen vill Leit bis Enn des Jores begleede wäert. Aktuell ass d'rue du pont komplett fir de Verkéier gespaart, an eisen RTL Reporter ass d'Aarbechter vun der Gemeng ënnerstëtzen gaange.