Lëtzebuerg op der Weltausstellung zu Dubai

„D'Gesellschaft vu muer definéieren“ ass de Sujet vun der Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan. Fir déi 25. Kéier wäert Lëtzebuerg also mat engem Pavillon op dem internationale Rendezvous mat dobäi sinn. Déi eng Ausstellung gëtt scho geplangt, an déi aner gouf nach guer net ofgehalen. Zu Dubai hat Corona den Organisateuren e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an dat ganzt Event huet em ee Joer misse verréckelt ginn. Am Oktober dëst Joer (2021) ass et elo endlech sou wéit a bannent deene 6 Méint ginn sech alles an allem 25 Millioune Léit aus der ganzer Welt erwaart. Ma wou ass Lëtzebuerg aktuell mat sengem Pavillon drun? Leeft alles am Zäitplang? An wat gëtt mam Pavillon no der Expo gemaach? De Loïc Juchem huet sech mat der Expo-Kommissärin Maggy Nagel getraff.
