Fête de la musique 2021
11/06/2021

Den 21.Juni 1982 gouf déi éischt Fête de la Musique a Frankräich organiséiert. D’Iddi war et Musek fir jiddereen accessibel ze maachen a lokale Museker eng Plattform ze gi fir op sech opmierksam ze maachen. Iwwer déi nächst 10 Joer sinn iwwer 85 verschidde Länner nogezunn – an der Tëschenzäit sinn et der schonn iwwer 120. Ënner anerem dann och zu Lëtzebuerg. Hei gouf déi éischt Fête de la Musique schonn an den 90er Jore gefeiert – ëm genau ze sinn, zu Diddeleng. An och dëst Joer réckelt d’Musek fir e puer Deeg rëm an de Virdergrond. Valeria Wiwinius mat den Detailer.
