Hotel: Zëmmere gi gebotzt
15/06/2021

De Moie versiche mer bëssen eppes iwwer 2 Hoteller aus dem Süden an Norde gewuer ze ginn. Mir wëllen hannert d'Kulisse kucken an interesséieren eis elo zum Beispill fir déi Leit déi verantwortlech si fir d'Zëmmere propper ze halen. Dat ass keen einfachen Job, ma heiansdo gëtt et awer och eppes ze laachen. Eisen RTL Reporter ass am Hotel "the Seven" zu Esch um Gaalgebierg a geet den Ament mam Staubsauger vun Zëmmer zu Zëmmer.
