Politmonitor: Deel 2

16/06/2021
Politmonitor: Deel 2
Play

Déi blo-rout-gréng Regierung ass an der Mëtt vun der Legislaturperiod ukomm a generell gekuckt fält de Bilan vun de Bierger gréisstendeels positiv aus. Eng Majoritéit vun de Leit ass der Meenung, dass d'3er-Koalitioun no 2,5 Joer eng gutt Aarbecht geleescht huet. Dat geet ervir aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres, deen am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf. D'Leit sinn also zefridden, ma fannen trotzdeem, dass d'Regierung op groussen Dossieren net wierklech viru komm ass.