Clierf: D'Coupe scolaire gëtt preparéiert
16/06/2021

Et goufen hei am Land mat Sécherheet ni souvill Vëloen verkaaft wéi déi leschten Méint, wou d'Leit an der Pandemie d'Rad nees nei entdeckt hunn. Natierlech kann ee sech domadder vun A op B beweegen, et kann een Sport domadder maachen, et ass ekonomesch, ekologesch an och der Gesondheet deet et gutt. Fir awer op Nummer sécher ze fueren, huet een besser et mécht een eng Zort Führerschäin a kuckt och dass den Drotiesel sou equipéiert ass wéi den Code de la route dat virschreift.D'Coupe scolaire ass do e wichtegt Element, an mir hunn eisen RTL Reporter op Clierf geschéckt, wou haut sou eng gefuer gëtt.
