De Lampecher Gaart an d'Déierepensioun vun der Apemh

18/06/2021
De Lampecher Gaart an d'Déierepensioun vun der Apemh
Play

Nieft enger regionaler, saisonaler Geméisproduktioun sou wéi engem Bauerenhaff wou Kéi, Schof, Schwäin a Kanéngercher fir d'Fleeschproduktioun gezillt ginn, fënnt een um Lampecher Gaart zanter Februar och eng Déierepensioun ënnert dem Numm "Hoka". D'Nicky Soisson huet sech ënnert d'Déiere gemëscht a sech dëse flotte Projet vun der Apemh méi genee ugekuckt.