Den Hond un d'Eleng bleiwe gewinnen
22/06/2021

Eng ganz Partie Leit ënnert eis waren oder si vläicht nach ëmmer zanter dem Ufank vun der Pandemie am Home office. Deen een oder aneren ass wärend deene Méint vläicht och op den Hond komm, en Dram deen een nach ëmmer am Kapp hat awer bis dohinner net realiséiert huet well een net déi néideg Zäit fir d'Déier hat, déi dunn op eemol do war. Elo wou de Wee awer lues a lues nees zréck Richtung Normalitéit gëtt, heescht et och säin Hond dorobber virzebereeden. Nicky Soisson.
