Reanimatioun: Häerzstëllstand, wat maachen?
22/06/2021

Thema de ganze Moien iwwer ass d'Reanimatioun. Eng Situatioun an déi kee komme wëll, mee déi awer geschéie kann. Eng Persoun kritt een Häerzstëllstand a muss reaniméiert ginn. Do gëtt et iwwregens eng kleng Ieselsbréck, déi een sech verhale kann. D'Häerzmassage kann een am Rhythmus vu Stayin'Alive, dem Lidd vun de Bee Gees maachen. Dat sinn ongeféier 100 bis 120 Stéiss an der Minutten. Wéi dat elo ofleeft, gi mir vun eiser RTL Reporterin gewuer.
