Wuertschatz.lu an dʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss
25/06/2021

Der Sprooch Visibilitéit ginn. Dat wëll déi nei Initiativ Wuertschatz.lu vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zesumme mam Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch. Den Accent läit op Spréch, well och den zweete Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarte presentéiert. Dat verréit och schonn den Titel vum Buch: DʼPan klaken + dʼSchong voller Féiss.
