Am Escher Déierepark: E Schaffdag um Gaalgebierg

29/06/2021
Am Escher Déierepark: E Schaffdag um Gaalgebierg
Play

Den Escher Déierepark ass just puer Schrëtt vum Zentrum vun Esch fort. Eng Kéier iwwert Foussgängerbréck an dann ass een bal schonn matten an der Natur. Dofir gouf den Déierepark 1912 och gebaut fir den Escher Awunner, déi virun allem dacks an der Eisenindustrie geschafft hunn, eng Méiglechkeet ze ginn sech bëssen an der Natur ze erhuelen. Mëttlerweil ginn et em 150 Déieren am Park. Eis RTL Reporterin ass haut am Escher Déierepark an huet ënner anerem mat de Leit hannert de Kulissen geschwat.