Tintinger wëll Gesetzesreform fir Restauranten a Gréngzonen

07/09/2021
Tintinger wëll Gesetzesreform fir Restauranten a Gréngzonen
Play

Si leie roueg a virun der perfekter grénger Kuliss: Hoteller a Restauranten a Gréngzonen. D'Restriktiounen, fir eppes un dëse Gebaier ze veränneren, sinn am Sënn vum Naturschutz ganz streng, esou dass et dacks net méiglech ass dës Haiser un déi haiteg Normen unzepassen an deemno do och rentabel Betriber ze féieren. A genau dat misst geännert ginn, fënnt op alle Fall de fréiere Stärekach a laangjärege Beroder fir Gastronomie-Betriber Tony Tintinger. D'Maxime Gillen huet sech mat him ënnerhalen.