Mam Paulette Lenert ënnerwee: Wéi geet den Dag lass?

06/09/2021
Mam Paulette Lenert ënnerwee: Wéi geet den Dag lass?
Play

Rentrée op RTL an och dës Saison sinn eis RTL Reporteren am ganze Land ënnerwee a versichen eis op déi Plaze matzehuelen, wou ee vläicht net ëmmer hikënnt. Haut de Moie léiere mer eng Ministesch besser kennen. Am Februar 2020 huet si dem deemolege Gesondheetsminister Etienne Schneider säi Mandat iwwerholl an huet dunn direkt missen eng Pandemie geréieren. Wéi geet et der Madamm Lenert aktuell? Wéi huet si d'Summervakanz erlieft a wat gëtt gemaach fir ofzeschalten? Deene Froe geet de Loïc Juchem haut de Moien no, hien huet si déi lescht Woch puer Mol getraff.