Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: d'Héichwaasser hannerléisst seng Spueren

08/09/2021
Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: d'Héichwaasser hannerléisst seng Spueren
Play

Iwwerall am Land leeft de Countdown bis et nees an d'Schoul geet. Nächste Mëttwoch um 08h00 schellt et och zu Iechternach nees, an d'Kanner kommen aus der ganzer Géigend an hiert Gebai. Et ass den zweeten Hierscht an der Pandemie a bei hinnen kënnt och nach derbäi dass Mëtt Juli d'Héichwaasser sech breet gemaach huet. Genuch Ursaachen fir haut, eng Woch virdrun op d'Plaz ze goen.