Special Olympics: 24 Stonnen Dribbel Marathon duerch d'Land
11/09/2021

D'Iddi vun engem Marathon wou während 24 Stonnen de Basketball net méi aus den Hänn geluecht gëtt, mä permanent duerch d'Land gedribbelt gëtt, kënnt vum Marco Rock, deen domadder op d'Special Olympics opmierksam maache wëll. Gëschter Owend um 18h00 goung et am Norden vum Land fort. No Wolz goung et iwwer Ettelbréck, d'Fiels, Steesel, Walfer a Stroossen op Bartreng. A no engem Stopp bei der RTL City war de Moien d'Muselgéigend drun, ier et am fréien Nomëtteg eriwwer an de Minett goung. Um 16h00 war nach en kuerzen Arrêt an der Stad bei der Gëlle Fra, an den Finish mécht elo e Promi Dribbelparcours zu Hesper.
