Eventer fir de Welt-Alzheimer-Dag

13/09/2021
Eventer fir de Welt-Alzheimer-Dag
Play

Demenz ass e Syndrom, dat dacks méi al Leit betrëfft an déi kognitiv Fäegkeete beaflosst. Eng vun deenen heefegste Forme vun der Demenz ass d'Alzheimer. Zu Lëtzebuerg hunn 7.600 Leit déi Krankheet. D'Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun rechent bis 2050 souguer mat 19.000 Betraffenen hei am Land. De Grond dofir ass ënner anerem eng Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt. Den 21.September ass de Welt-Alzheimer-Dag an dëst Joer ginn et direkt 3 Eventer am Virfeld vun dësem Dag. Wat do alles am Mount September geplangt ass, erzielt eis d'Lea Schwartz.