Haien a Rochen a Gefor

14/09/2021
Haien a Rochen a Gefor
Play

Och wann Haien a Filmer oder Geschichten als Killermaschinn vum Mënsch beschriwwen ginn, ass et éischter ëmgedréint an zwar: D'Mënsche bréngen Haien a Rochen a Gefor, dat geet aus der rouder Lëscht vun der Weltnaturschutzunioun IUCN ervir. Virdrun gouf et just bei engem Véierel vun den Aarten e wierkleche Risk, dass se ausstierwe géingen. Mëttlerweil wier et awer schonn en Drëttel. De Jeff Rossler huet beim WWF nogefrot.