Campagne Onsiichtbar Helden
16/09/2021

Stellt Iech fir dir erwächt Moies, mat iergendwelleche Symptomer, Réckwéi, Schwellungen oder Schwindel. Wat mécht een dann? Da geet et meeschtens bei den Dokter, dee stellt eng Diagnos an et kritt een eppes verschriwwen fir, dass et engem besser geet. Dat ass den Idealfall, elo schwätze mir awer vu Leit, bei deene genee dat net esou einfach ass. Patienten mat enger Maladie rare, also enger rarer Krankheet, hunn am Duerchschnëtt eng Odyssee vun 4 bis 5 Joer hannert sech bis, dass et iwwerhaapt zu enger Diagnos kënnt. Dat wëll dacks nach esou wéineg iwwert esou eng Krankheet gewosst ass. Mat der Campagne Onsichtbar Helden soll elo fir déi Thematik sensibiliséiert ginn.
