Broschtkriibslaf 2021
17/09/2021

Statistesch gesi betrëfft Broschtkriibs virun allem Fraen tëscht 50 a 70 Joer. Et kann awer eigentlech jiddereen treffen. Zu Lëtzebuerg ass Broschtkriibs dee Kriibs, dee Fraen am heefegste kréien. Déi gutt Noriicht ass awer, dass Broschtkriibs fréi entdeckt ka ginn. Dozou gehéieren awer och reegelméisseg Kontrollen. Fir ze sensibiliséieren a fir Sue fir betraffe Fraen ze sammelen, gëtt et eemol d'Joer de Broschtkriibslaf vun Europa Donna.
