Weltalzheimerdag: Achtsamkeetsübungen géint Demenz

20/09/2021
Weltalzheimerdag: Achtsamkeetsübungen géint Demenz
Play

Den Dënschden 21. September ass de Weltalzheimerdag, ma mir komme schonn haut op déi Krankheet ze schwätzen. Alzheimer ass eng Form vun Demenz, déi mécht, dass déi betraffe Leit dacks keng Erënnerunge méi hunn oder d'Orientéierung verléieren, vläicht esouguer Leit vergiessen, déi hinne ganz no stinn. Bis elo gëtt et keng Heelung, mee et ginn awer Méiglechkeeten de betraffene Leit d'Liewe méi einfach ze maachen an d'Krankheet ze bremsen. An genee esou eng Methode gëtt grad zu Lëtzebuerg erfuerscht. An zwar soll dat mat Achtsamkeetsübunge goen. D'Lea Schwartz huet mat der Responsabele geschwat.