Botzpersonal am Spidol: Am Patientenzëmmer

22/09/2021
Botzpersonal am Spidol: Am Patientenzëmmer
Play

An engem Spidol ass et gewéinlech propper a villes ass steril a bal ewéi geleckt. D‘Botzpersonal vum Chem schafft dofir 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7. Den RTL Reporter wëll de Moie wësse wéi déi haart Aarbecht wierklech ausgesäit. De Loïc war virdru scho mam Service Hygiène an der Urgence an elo hëlt hien eis mat an d‘Pantientenzëmmer. Och do soll jo alles blénken a Viren a Bakterië sollen sech net kënnen ofsetzen.