AntiGaspi: Aktioun "Gielt Band"
29/09/2021

D'Aktioun "Gielt Band" ass nach relativ jonk an awer huet se schonn enorme Succès. All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten a laanscht d’Weeër ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dem wollt ee mat Hëllef vun dëser Aktioun en Enn setzen. De Loïc Juchem verréit iech, wéi der dat frëscht Uebst plécke kennt goen.
