AntiGaspi: Kantinne géint Liewensmëttelverschwendung
29/09/2021

Op ville Plaze kann ee géint d'Verbëtze vu Liewensmëttel virgoen a jidderee vun eis kann en Deel dozou bäidroen a kann och heiansdo mol Produite consomméieren déi zanter puer Deeg ofgelaf sinn. De Mindesthaltbarkeetsdatum wier just eng Orientatioun a vill Liewensmëttel wiere vill méi laang gutt. Ma och an de Kantinne vu Restopolis gëtt sech dofir agesat, datt net vill ewech geheit gëtt. De Loïc Juchem huet sech iwwert déi neiste Mesure bei Restopolis informéiert.
