Beim Optiker: Villes gëtt haut vun de Maschinne gemaach
01/10/2021

Vill Léit brauchen e Brëll fir gutt kënnen ze gesinn. Am RTL Wecker reiwe mer eis de Moien d'Aen a gesinn direkt kloer. Den RTL Reporter ass haut op der Spuer vun engem Metier, deen net méi terribel beléift ass an och net méi dacks geléiert gëtt. De Loïc Juchem ass fir eis zu Péiteng bei Optique Nothum a kuckt wéi en Optiker haut schafft.
